Onofhängegen Immobilienagent · Lëtzebuerg
Locatiounsgestioun zu Lëtzebuerg
D'Immobilie gehéiert Iech. Ëm de Rescht këmmeren ech mech – während der ganzer Dauer vum Bail.
Dir wëllt verkafen oder verlounen? Dat maachen ech och, iwwer TEAM Real Estate. Verkaf & Locatioun →

Locatiounsgestioun
Wat dobäi ass
Ech geréieren Locatiounsimmobilien am ganze Land, vun engem eenzegen Appartement bis zu méi Unitéiten a verschiddene Gebaier. Ech sichen a préiwen d'Locatairen, zéien de Loyer an, halen d'Bailen am Aklang mam lëtzebuergesche Locatiounsrecht a passen op den Zoustand vun Ärer Wunneng op. Wat ech fir Iech iwwerhuelen, gëtt am Mandat festgehalen, dee mir no enger Visite vun Ärer Wunneng ënnerschreiwen.
- 01
Locataire sichen & auswielen
Visitten, Iwwerpréiwung vun de Kandidaten (Identitéit, Akommes, Referenzen), Bail opsetzen an ënnerschreiwen.
- 02
Etat des lieux beim An- an Auszuch
Detailléiert Zoustandsberichter mat Fotoen, Schlësseliwwergab, Suivi vun der Garantie locative.
- 03
Loyer & Comptabilitéit
Loyer an Avancen op d'Chargen anzéien, Rappellen, jäerlech Ofrechnung vun de Chargen, monatleche Bericht fir de Proprietär.
- 04
Upassung vum Loyer
Méiglech Erhéijunge vum Loyer gi suivéiert an zur Zäit matgedeelt, am Kader vum lëtzebuergesche Locatiounsrecht.
- 05
Ënnerhalt & Reparaturen
Devisen, Koordinatioun vun den Handwierker, Suivi vun den Aarbechten, Kontroll vun de Rechnungen a Versécherungsfäll.
- 06
Kontakt mam Syndic
Saachen, déi d'Gemeinschaftsdeeler oder dat ganzt Gebai betreffen, ginn un de Syndic vun Ärem Gebai weidergeleet a suivéiert.
- 07
Juristesche Suivi
Mises en demeure bei Loyersréckstänn, Zesummenaarbecht mat Affekoten wann néideg, Bailen ëmmer um Stand vun den neie Reegelen.
- Een Uspriechpartner
- Fir Iech an Är Locatairen – op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch.
- Keen Opwand fir Iech
- Ech këmmere mech ëm den Alldag; Dir kritt all Mount eng kloer Opstellung vu Loyeren a Chargen.
- Maartkenntnis
- Zënter 2016 am Verkaf, an der Locatioun an an der Locatiounsgestioun zu Lëtzebuerg aktiv – aktuell Loyeren, Reegelen an Tendenzen um Maart.
- Zouverlässegt Netzwierk
- Professionneller fir Renovatioun, Botzen, Recht, Versécherung an Energiepass, mat deenen ech reegelméisseg schaffen.
- Komplett zertifizéiert
- Zertifizéierten Immobilienagent, mat menger eegener Autorisation d'établissement.
Ugepasst un d'Immobilie an un d'Servicer, déi Dir braucht, op Ufro.
Éischte Schrëtt: e Rendez-vous an der Wunneng
Mir treffen eis op der Plaz, schwätzen iwwert Är Besoinen an ech notéieren d'Detailer. Op där Basis preparéieren ech eng Offer fir d'Gestioun, ugepasst un Är Wunneng an un d'Servicer, déi Dir braucht.
Schéckt mer dofir per Mail d'Adress, d'Aart an d'Gréisst vun der Immobilie, an ob se de Moment verlount ass.
Froen & Äntwerten
Dacks gestallte Froen
Wat ass alles an der Locatiounsgestioun dran?
Alles, wat zu Ärer Locatioun gehéiert, vun A bis Z: Locataire sichen an auswielen, Etat des lieux beim An- an Auszuch, Loyer an Avancen op d'Chargen anzéien, Erhéijunge vum Loyer suivéieren, Reparaturen a Versécherungsfäll, Kontakt mam Syndic a Suivi vu Loyersréckstänn. Dir kritt all Mount eng Opstellung vu Loyeren, Chargen an Ausgaben. All Punkt ass uewen ënner Wat dobäi ass beschriwwen.
Locatiounsgestioun kascht Suen. Lount sech dat?
Dacks jo. Vill Proprietären, virun allem déi mat méi Unitéiten, hunn hir Loyeren zënter Joren net méi iwwerpréift. Ech kontrolléieren all Loyer reegelméisseg a passen en, wann Dir d'accord sidd, am gesetzleche Kader un (héchstens eemol all zwee Joer). E Beispill: 75 € méi de Mount op engem Appartement sinn 900 € d'Joer, oder 4.500 € d'Joer op fënnef Appartementer. Mat der Zäit deckt de méi héije Loyer e groussen Deel vun de Fraisen, an dacks souguer méi.
Ech hunn zënter Joren dee selwechte Locataire. Läit mäi Loyer ënnert dem Maartpräis?
Wahrscheinlech. Am 2. Trimester 2026 sinn d'Loyeren an den Annoncë fir Wunnengen an engem Joer ëm 5,8 % geklommen, déi vun de lafende Bailen awer just ëm 1,3 % (Observatoire de l'Habitat / STATEC). Iwwer e puer Joer summéiert sech dësen Ënnerscheed, an d'gesetzlech Reegelen (héchstens eng Upassung all zwee Joer, maximal 10 %) limitéieren, wéi séier Dir en ausgläiche kënnt. Et lount sech, fréi unzefänken.
Verléieren ech d'Kontroll iwwert meng Immobilie?
Nee. Näischt gëtt ouni Är Zoustëmmung decidéiert: wien Äre Locataire gëtt, wéini a wéi vill de Loyer an d'Luucht geet, wéi en Handwierker geholl gëtt. Ech preparéieren all Decisioun a ginn Iech meng Recommandatioun. Dir decidéiert. Dir kritt och all Mount eng Opstellung vu Loyeren, Chargen an Ausgaben.
Wat kascht dat?
Dat hänkt vun Ärer Situatioun of, virun allem vun der Zuel vun Ären Unitéiten an dovun, ob ech Iech op der jäerlecher Generalversammlung vun der Copropriétéit vertriede soll. All neit Mandat fänkt mat enger Visitt vun der Immobilie un; duerno kritt Dir eng Offer, déi op Är Besoinen ugepasst ass. Rufft mech op +352 621 835 778 un, fir e Rendez-vous auszemaachen.
Ech wunnen am Ausland. Kënnt Dir alles fir mech iwwerhuelen?
Jo. Ech këmmere mech op der Plaz ëm alles: Locatairen, Loyer, Reparaturen an de Kontakt mam Syndic. Dir gitt Decisioune per Mail oder Telefon fräi, a wann eppes Dréngendes ass, gesi mir eis per Video-Call.
Wéi wielt Dir e Locataire aus?
Ech stelle fir all Kandidat e kompletten Dossier zesummen: Identitéitskaart, Aarbechtskontrakt, Pai-Fichen, Openthaltsstatus a familiär Situatioun. Dir kritt d'Dossiere mat menger Recommandatioun, an Dir wielt aus.
Eppes muss gefléckt ginn. Wien këmmert sech drëm?
Fir d'éischt kucken ech, wou de Problem läit. Ass en am Appartement, sichen ech e qualifizéierte Professionnel an angagéieren en, soubal Dir Äert OK gitt. Betrëfft et d'Gebai, zum Beispill den Daach, d'Fassad oder gemeinsam Leitungen, ass de Syndic zoustänneg, an ech suergen dofir, datt en handelt. Ech klären och, wéi eng Versécherung wat deckt (déi vum Locataire, Är oder déi vum Gebai), sou datt vun Ufank u kloer ass, wie bezilt.
Wat geschitt, wann e Locataire net méi bezilt?
Ech handele séier, well wat ee méi laang wuart, wat d'Chance méi kleng ginn se erëmzekréien. Ech kontrolléieren all Mount, ob de Loyer erakomm ass. Feelt eng Bezuelung, kritt de Locataire e Rappell an duerno eng Mise en demeure. Bleift de Loyer nach ëmmer onbezuelt, geet den Dossier direkt bei en Affekot.
Praxisguide fir Proprietären
Roueg verlounen. Pünktlech bezuelt ginn.
E Guide vu 7 Säite fir privat Proprietären zu Lëtzebuerg, gratis per E-Mail. Verfügbar op Franséisch, Däitsch an Englesch.
- D'Reegele säit der Reform vum August 2024
- De richtege Loyer festleeën
- De Locataire auswielen
- Wat maachen, wann de Loyer ausbleift
Verkaf & Locatioun
Verkafen oder verlounen?
Fir Verkaf a Locatioun schaffen ech als onofhängegen Agent bei TEAM Real Estate (TEAM IMMO SARL), enger Agence vun erfuerenen Agenten zu Lëtzebuerg, ouni fixt Gebitt – egal wou am Land Är Immobilie ass.
Hannert den Zuelen: de richtege Präis vum éischten Dag un, Marketing, deen déi richteg Keefer a Locatairen erreecht, an e genee Suivi bis bei den Notaire.
Ongeféier, opgerondt Zuelen zënter 2016.
Gratis Estimatioun fir Verkeefer
Dir denkt drun ze verkafen? Ech maachen Iech eng Estimatioun vum Verkafspräis vun Ärer Immobilie, op Basis vu rezente Verkeef vu vergläichbaren Immobilien an Ärer Géigend – gratis an ouni Verflichtung.
[email protected]
Iwwert mech
Ech sinn e gebiertege Lëtzebuerger an hunn 20 Joer an Nordamerika gelieft, an och an Holland a Spuenien. Wat Dir vu mir erwaarde kënnt: séier Äntwerten op Är Ufroen, Rendez-vousen, déi pünktlech a gutt preparéiert sinn, an een organiséierten, disziplinéierte Professionnellen un Ärer Säit, vun Ufank bis zum Schluss.
- Gebuer zu Esch-Uelzecht
- Percussionist an der Militärmusek
- Grënner a Besëtzer vun Oceanbound Entertainment Inc. (USA)
- Museksstudien um Conservatoire vu Lëtzebuerg, vun Esch a vu Rotterdam, an um Berklee College of Music
- Studien a Politikwëssenschaften an Entrepreneurship, Athabasca University
- 2 Joer Coaching bei Tom Ferry Coaching
- Sproochen
- Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch, Spuenesch
- Baséiert zu
- Lëtzebuerg – am ganze Land aktiv
- An der Immobiliebranche zënter
- 2016
Qualifikatiounen
Wat meng Cliente soen
5,0 vu 5 op Google.
Emmer frëndlech a ganz efficace.
Mr Kasel has been extremely professional, serious, transparent and helpful in all aspects.
Vous avez fait preuve d'une professionnalité exemplaire, qualité qu'on rencontre rarement de nos jours.
Marco is a discreet agent, no personalities, just professionalism. Would definitely recommend him!
Disponible, précis, efficace, c'est un excellent professionnel.
He is honest, ethical, dedicated, reliable and extremely professional in addition to being a lovely, kind, and nice person.
Kontakt
Ech freeë mech drop, Äre Projet mat Iech ze beschwätzen.
Locatiounsgestioun
[email protected]Büro61, Avenue de la Gare, L-1611 Luxembourg · Itinéraire →